DAG UM BAURENHAFF


D’Emweltkommissioun vun der Gemeng Biwer hat den 10.07.2019 den Dag um Baurenhaff an Zesummenarbecht mat dem Feeschter Daniel Steichen a sénge Leit um Baurenhaff vun der Famill Schmit zu Wecker organiséiert.

D’Kanner aus den Cyclen 1 an 3 mam Schoulpersonal an der Maison Relais hun e flotten Dag mat verschiddenen Aktiviéiten zum Thema Mëllech, Kräider a Geméiss, Natur an Emwelt, souwéi engem informative Rally um Haff verbruecht.

No énger Stärkung vum Grill goung et duerno rem zréck an d’Schoul.