DAG VUM BAM 2021

D'Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Biwer an Zesummenaarbecht mat dem Gaart an Heem Biwer a Wecker, dem Fierschter Daniel Steichen a sengem Team hunn den 26.11. mat de Kanner aus dem Cycle 3.1 verschidden Uebstbeem geplanzt.

Am Bongert vum Sonja Kertz op der Breinert war dee Moien eppes méi lass.

Fir unzefänken huet de Fierschter e klenge Workshop mat hinnen gemaach iwwer di Lëtzebuerger Äppelzorten an iwwer einheimesch Vigel a Notzdéieren am Bongert.

Wärenddem si sech mat Chocky an engem Boxemännchen gestäerkt haten goung et lass. Am ganze goufen 25 Beem geplanzt an d'Kanner waren trotz der schwiereger Situatioun vum Covid 19 ganz motivéiert.

Zum Schluss kruten si nach en Diplom an e Schnéiballebam fir doheem anzeplanzen.