Amis de la Croix-Rouge spenden 7000 € fir de Groupe Yua an 2000 € fir d’ Ukrain

D’Amis de la Croix-Rouge Biwer a.s.b.l. hunn bei Geleeënheet vun hirer General-Versammlung dem Vertrieder vum Lëtzebuerger Roude Kräiz dem Här Frank Schmit, a Präsenz vum Här Buergermeeschter Marc Lentz, der Madame Sylvie Steinmetz an dem Här Marc Greis vum Schäfferot vun der Gemeng Biwer an verschiddenen Vertrieder vum Gemengerot, e Scheck vun 7000 € fir de Projet “Groupe Yua” iwwerreecht. Dëse Montant ass entstanen aus dem Erléis vun den verschiddenen Aktivitéiten vum Veräin an de leschte Joren, wou ënnert anerem d’Vizfest an Buergbrennen fir dëse Montant responsabel sinn.

Bedéngt duerch déi aktuelle Situatioun an der Ukrain, huet de Veräin kuerzfristeg beschloss den Erléis vum rezente Buergbrennen mat engem weidere Scheck an Héicht vun 2000 € der Croix-Rouge zur Verfügung ze stellen fir de Läit an der Ukrain ze hëllefen.