D‘Ëmweltkommissioun aus der Gemeng Biwer hat an Zesummenaarbecht mat dem Wecker Fëscherclub an der Ënnerstëtzung vun de Feeschteren Tom Kinnen an Daniel Steichen eng flott Aktivitéit mat de Biwer Schoulkanner aus dem Cycle 4.1 a 4.2. den „Dag bei der Baach“ zu Wecker bei der Syr, organiséiert.
D’Fëscher hunn de Kanner d‘Technike vum Fëschen erkläert an hinnen déi verschidde Fëschzorten déi an der Syr ze fanne sinn, virgestallt.
De Christian Weis, Pächter vun dem Deel vun der Syr huet hinnen zousätzlech wichteg Informatiounen iwwer d’Syr a generell iwwer d’Fëscherei zu Lëtzebuerg ginn.
D’Feeschteren hu mat opgestoppten Déieren déi eenzegaarteg Déierewelt an a ronderëm d’Syr demonstréiert. An verschiddenen Ateliere konnten d’Kanner och selwer aktiv ginn a méi iwwer d’Natur léieren.
Et war e vollen Erfolleg an d’Kanner konnte souguer e puer Fësch fänken, déi natierlech duerno rëm zréck an d’Waasser gesat goufen.
Als Ofschloss konnten si nach an engem klenge Quiz beweise, wat si op dësem Dag geléiert haten, ier et no enger Stäerkung vum Grill nees zréck an d’Schoul goung.
E grousse Merci u jiddereen, dee matgehollef huet – a besonnesch un d’Kanner, déi mat vill Freed a groussem Interessi den Dag sou flott gemaach haten.