D'Entente vun de Veräiner vu Biwer hat hir traditionell 1.Mee Feier beim Kréiwénkelhäischen am Biwer Bësch organiséiert..
Bei schéinem Wieder, Gegrills an Gedrénks si si gemittlech an de Mee gestart.
Als musikaleschen Ofschloss huet d’Biwer Musek nach e puer flott Stécker gespillt.
Duerno hunn d'Pompjee an d'Musek jeweils hire Meekranz op d’Graf vum lescht verstuerwene Member vun hirem Veräin gedroen.