De Patrick Bormes seet Äddi an der Galerie Moderne
um weitere Bilder zu sehen.
De 15. Juli war et souwäit, no 20 Joer huet de Patrick Bormes der Famill Seil an alle Kolleeginnen a Kolleege vun der Galerie Moderne „Äddi“gesot.
Am Joer 2005 huet de Patrick säi Schräinermeeschter an Éisträich ofgeschloss. Säin eigentlech Plang war et duerno nach zousätzlech Innenarchitektur ze studéieren.
Fir déi Zäit ze iwwerbrécken, huet hien ënner anerem Zeitungen ausdroen, an e Praktikum am Miwweldesign gemaach, bis hie gewuer gouf, dass d’Galerie Moderne e Vendeur géif sichen.
Hien duecht sech: „Firwat net e puer Méint, Miwwele verkafen?“
Aus deene geplangte puer Méint goufen 20 Joer!
Et war de Kontakt mat de Clienten, den Zesummenhalt vun de Kolleeginnen a Kolleegen, a virun allem d’Vertraue vun der Famill Seil, déi si him; a senger Kompetenz entgéint bruecht hunn, wat hien an all deene Jore motivéiert a begleet huet.
Dofir sot hien en häerzleche „Merci“
Natierlech waren net ëmmer all Momenter einfach. Et goufe stresseg Situatiounen an och emol Diskussiounen. Mee zesumme gouf ëmmer eng Léisung fonnt. Iwwer d'Joren ass eng staark Equipe zesummegewuess, mat där een dacks méi Zäit verbruecht huet wéi mat der eegener Famill.
Jiddereen deen de Patrick kennt, weess, dass hien ëmmer säi Bescht ginn huet - net well hien dat huet misse maache, mee well hien sech mat der Galerie Moderne identifizéiert a verbonne gefillt huet.
Elo fänkt fir hien eng nei Erausfuerderung un, hie seet Äddi vun engem gudden Deel vu sengem Beruffsliewen a seet der Famill Seil nach eng Kéier Merci fir dat grousst Vertrauen, fir d'Chance, déi si him ginn huet, an dofir, datt hien en Deel vun der Geschicht vun der Galerie Moderne huet dierfe sinn.
Als schéin Erënnerung un dës gemeinsam Zäit krut de Patrick eng flott Collage an e perséinleche Kaddo iwwerreecht – ee Geste, deen hie nach laang un seng Zäit an der Galerie Moderne erënnere wäert.