Uebstbam-Schnëttcours vun der Ëmweltkommissioun Gemeng Biwer
um weitere Bilder zu sehen.
De 14. Mäerz huet d’Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Biwer, an Zesummenaarbecht mam Feeschter Timo Mann a sengem Team, en Uebstbam-Schnëttcours am Bongert vun der Gemeng organiséiert.
Am Kader vun dësem Cours huet de Marc Thiel vun der Biologescher Statioun SIAS de Participanten déi wichtegst Grondlage vum Uebstbam-Schnëtt vermëttelt. Dobäi goufen zwou verschidde Schnëtttechnike virgestallt, déi souwuel bei eelere wéi och bei mëttelalen Uebstbeem zur Uwendung kommen. Eng reegelméisseg Fleeg ass essenziell, fir d’Gesondheet an d’Ertragskraaft vun de Beem laangfristeg ze garantéieren. De gezielte Schnëtt dréit dozou bäi, d’Kroun ze verjéngen, d’Qualitéit vun de Friichten ze verbesseren an enger virzäiteger Alterung entgéintzewierken.
Vill interesséiert Leit hunn de Nomëtteg un dem praktesch orientéierte Cours deelgeholl.
Wéinst der héijer Unzuel u Participante war et net méiglech, dass jiddereen déi verschidde Schnëttmethoden selwer ausprobéiere konnt. Fir d’Wëssen nohalteg ze verdéiwen, kruten d’Participanten en Informatiounsblat mat op de Wee, fir dat Geléiert doheem kënnen ëmzesetzen.
Zum Ofschloss gouf et eng kleng Stäerkung an e Patt.