Fréijoersbotz vun der Ëmweltkommissioun Gemeng Biwer

Den 21. Mäerz hat d’Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Biwer hir traditionell Fréijoersbotz organiséiert.

Bei guddem Wierder a gestäerkt mat waarmem Chocky an engem Croissant gouf sech géint 9:00 Auer op de Wee gemaach, den Dréck laanscht d’Stroossen an d’Weeër an allen Dierfer vun der ganzer Gemeng op ze rafen.

Vill engagéiert Biergerinnen a Bierger, dorënner och Kanner, hunn un dëser Aktioun deelgeholl an domat e wichtege Bäitrag zum Ëmweltschutz geleescht.

Am Allgemenge muss ee leider feststellen, dass nach ëmmer ze vill Offall onbeduecht an der Natur entsuergt gëtt.

Nodeems alles agesammelt war, gouf sech zesummen op de Wee an e Restaurant op Wecker gemaach, wou d’Gemeng op d’Mëttegiessen invitéiert hat.

D’Ëmweltkommissioun an d’Gemeng seet alle Fräiwëllege Merci, fir hiren Asaz am Déngscht vun enger propperer Ëmwelt.