Dag vum Bam zu Biwer

Den Dag vum Bam organiséiert vun der Emweltkommissioun aus der Gemeng Biwer hun d'Kanner aus dem Cycle 3 an Zesummenarbecht, mat dem Gaart an Heem Biwer a Wecker an der Ennerstëtzung vum Feeschter Daniel Steichen a sénge Leit zu Biwer um Knapp an der Pierch vun der Famill Goebel-Hilbert, verschidden Uebstbeem geplanzt.

D'Kanner kruten di verschidden Zorten Äppel gewissen an erklärt firwat d'Planzen vun Uebstbeem fir Mënsch an Déier sou wichteg ass.

Zum Ofschloss gouf et e Stéck Äppelkuch a Viez ier et rem zréck an Schoul goung.