Diplomiwwereechung vum 1Hëllef-Cours zu Biwer

D’Amis de la Croix-Rouge Biwer haten an Zesummenaarbecht mat dem Lëtzebuerger Roude-Kräiz an der Gemeng Biwer vu September bis Enn Januar een 1 Hëllef-Cours organiséiert. An deenen jeeweils Duebelstonnen während 14 Owender goufen déi néideg theoretesch Kenntnisser an déi richteg Gesten geléiert fir am Noutfall bei engem Accident doheem, am Verkéier, op der Aarbecht oder während der Fräizäit kënnen ze intervenéieren.

A Präsenz vum Här Michel Simonis, Directeur Général vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, der Madame Sylvie Steinmetz an dem Här Marc Greis vum Schäfferot vun der Gemeng Biwer an verschiddenen Vertrieder vum Gemengerot, konnten 31 Kandidaten hiren wuelverdéngten Diplom entgéint huelen.

Als Merci fir seng Aarbecht gouf dem Instrukter vum Cours, dem Här Marc Steffes, vum President vun den Amis de la Croix-Rouge Biwer dem Här Romain Nies, eng Corbeille iwwerreecht. Zum Ofschloss vun der Feierstonn hat d’Gemeng ob een Éierewäin invitéiert.