Diplomiwwerreeschung vum 1 Hëllef Cours

D’Amis de la Croix-Rouge Biwer haten an Zesummenaarbecht mat dem CGDIS an der Gemeng Biwer een 1 Hëllef-Cours organiséiert. An deenen Duebelstonnen während 8 Owender goufen déi néideg theoretesch Kenntnisser an déi richteg Gesten geléiert fir am Noutfall bei engem Accident doheem, am Verkéier, op der Aarbecht oder während der Fräizäit kënnen ze intervenéieren an liewensrettend Moossnamen kënnen ze ergräifen.

A Präsenz Här Buergermeeschter Marc Lentz, der Madame Sylvie Steinmetz an dem Här Marc Greis vum Schäfferot vun der Gemeng Biwer an verschiddenen Vertrieder vum Gemengerot a vun den Amis de la Croix-Rouge, konnten 16 Kandidaten hiren wuelverdéngten Diplom entgéint huelen. Dësen Diplom huet no der Reform vun den 1 Hëllef-Couren elo eng Gültegkeet vun 5 Joer an muss deementspriechend duerno erëm erneiert ginn.

Als Merci fir den flotten, interressanten an léierräichen Cours gouf der Instruktesch der Madame Sandra Poos, vum President vun den Amis de la Croix-Rouge Biwer dem Här Romain Nies, eng Corbeille iwwerreecht. Zum Ofschloss vun der Feierstonn hat d’Gemeng ob een Éierewäin invitéiert.