Fréijoersbotz vun der Emweltkommissioun Gemeng Biwer

Den 18. Mäerz hat d’Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Biwer hier traditionell Fréijoersbotz organiséiert.

Gestäerkt mat waarmem Chocky an engem Stéck Bretzel hunn sech vill Motivéierter op de Wee gemaach fir duerch di verschidden Dierfer aus der Gemeng äifreg Dréck ze sammelen.

Et gouf allgemeng festgestallt, dass an eiser Gemeng vill manner Dréck fonnt ginn ass, wéi an de Jore virdrun.

Nodeems alles gebotzt war huet d’Gemeng op d’Mëttegiessen an e Restaurant op Wecker invitéiert.

D’Ëmweltkommissioun an d’Gemeng seet all de Fräiwëllegen Merci fir hiren Asaz.