Grouss Botz vun der Emweltkommissioun Gemeng Biwer

D’Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Biwer an Zesummenaarbecht mat dem Fieschter Daniel Steichen vun der Natur a Forstverwaltung hat wéi all Joer hier Grouss Botz Aktioun organiséiert. R.V. war em 8.30 Auer um Parking Grousswiss.

Et haten sech rëm eng etlech Leit an och Kanner zesumme fonnt, fir an deene verschiddenen Dierfer vun der Gemeng an och laanscht Gewässer, Dreck asammelen ze goen.

Nodeems alles agesammelt war, huet d'Gemeng op d'Mëttegiessen an engem Restaurant zu Wecker invitéiert