PILZWANDERUNG MAT DER ËMWELTKOMMISSIOUN GEMENG BIWER

D’Ëmweltkommissioun vun der Gemeng Biwer an Zesummenaarbecht mam Fierschter Timo Mann, hat den 1. Oktober hier éischt PILZWANDERUNG am Biwerbësch organiséiert an et war trotz Reen e volle Succès.

Ënner der fachlecher Leedung vum Här Fernand Schiltz kruten d‘Leit ënner dem Moto: „Kucken a Sammelen“, d’Roll vun de Pilzen am Naturhaushalt méi no bruecht.

Di Erwuessen wéi och déi vill Kanner hu mat Begeeschterung verschidden Zorten vu Pilze gesammelt a vum Här Schiltz erkläert kritt, wisou di eenzel Zorten iessbar sinn an Anerer net.

Firwat et och wichteg fir den Naturhaushalt vum Bësch ass, dass di verschidden Aarten vu Pilzen do wuessen a mussen erhale bleiwen, gouf hinnen erkläert.

No der Wanderung vun ca. 2 Stonnen huet d’Gemeng op de Patt an Mëttegiessen am Bësch invitéiert.