40. International Konschthandwierker-Deeg zu Buerglënster

17
Jun
2023
17 Jun 18 Jun

Dëst Joer ass et erëm sou wäit!

Kommt op eis 40. International Konschthandwierker-Deeg an entdeckt eng 100 Konschthandwierker am Duerf an am Schlass vu Buerglënster. Verbréngt e puer flott Stonnen an enger eenzegaarteger Atmosphär a kuckt sëllege Konschthandwierker bei hirer Aarbecht iwwer d’Schëller. Vu Keramik, Bijouen, Textilveraarbechtung, bis Aarbechten am Holz, Metall a Lieder, fir jiddereen ass eppes dobäi.

Fir den Honger an den Duuscht ass natierlech och gesuergt. Eis lokal Veräiner bidden eng grouss Auswiel un Iessen a Gedrénks un.

Samsdes: 12 - 18 Auer | Sonndes: 9:30 -18 Auer

Entrée: € 4,00 vu 17 Joer un

Gratis Parkplaze mat Navette stinn zu Jonglënster zur Verfügung. Ausféierlech Informatiounen dozou ginn ët op eiser Internetsäit: www.sijunglinster.lu