39. International Konschthandwierker-Deeg an der Buerg

De Weekend vum 15. a 16. Juni stoung dëst Joer erëm eng Kéier am Zeechen vun de Konschthandwierker-Deeg an der Buerg. Eng Hällewull vu Leit konnte sech déi zwee Deeg vun der Qualitéit, déi hinne gebuede gouf, iwwerzeegen.

D’Verkafsstänn waren vum ënneschten Duerf bis erop op d’Schlass verdeelt. Och am Schlass hat en d’Méiglechkeet d’Wueren vu 24 Aussteller ze bewonneren an ze kafen.

120 Handwierker haten de Wee an d’Buerg fonnt, fir de Leit hiert Handwierk virzestellen. Vun deene waren eng zwanzeg Aussteller dëst Joer fir d’éischt mat derbäi.

Eis Duerfveräiner hunn eis, wéi all Joer, bei der Ausféierung vun dëser Manifestatioun gehollef, sief et dat se sech em d’ Entrée’s-Keesen gekëmmert hunn, fir dat leiflecht Wuel vun eis all gesuergt hunn oder bei der Verkéiersreegelung behëlleflech waren.

D’Aussteller an den Organisateur waren mam Resultat vun deenen zwee Deeg zefridden.

Wéi schonn déi Joren virdrun, kann e soen dass de Wee an d’Buerg sech erëm eng Kéier gelount huet.

De Comité vum Syndicat d’Initiative freet sech op déi 40. Editioun, déi den 13. a 14. Juni 2020 um Programm steet.


Eng Organisatioun vum Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster