Kiermes zu Brattert

Nieft munch fréiere Bratterter a ville Gäscht aus der ganzer Gemeng war dëst Joer och d'Sonn um Rendezvous fir di traditionell Bratterter Kiermes, déi zesumme mat der Randschelter gefeiert gëtt. No der Houmass an der Griewerseenung zu Randschelt huet di ganz Ekipp ronderëm d'Andrée an de Luss Pletschette den Aperitif zu Brattert offréiert, dëst nom musikaleschen Encadrement vun der Groussbusser a Waler Musek. Mat engem Wupp vum Grill an enger häusgemeete Bratterter Bierendrëpp ass bis spéit an de Nomëtteg viru gefeiert ginn.