900 Euro fir “Een Häerz fir kriibskrank Kanner”

D’Primärschoulkanner vu Bierden hunn beim Liichte goen am Februar Sue fir de gudden Zweck gesammelt. Deen generéisen Don vun 900 € hunn d’Kanner an hire schéine Fueskostümer op hirer flotter Fuesparty zu Bierden der Asbl „Een Häerz fir kriibskrank Kanner“ iwwerreecht.