Éischte Live-Concert no Coronapaus

De Kanner- a Jugendchouer Konsdref huet no laanger Coronapaus virun der Vakanz op e Summerconcert op dem flotte Site vun der Konsdreffer Millen invitéiert. D'Sängerinnen an d'Sänger, mat hirem Dirigent Marc Loewen, haten sech an e puer Woche gutt drugi fir ze prouwen, fir kënnen dëse Concert ze presentéieren. De ganze Chouer war erëm frou fir live zesummen ze sangen a fir déi ganz Kleng vun hinnen war dëst den éischten Optrëtt viru Publikum. Wärend der ganze Pandemie hunn si all Woch online geprouft an haten och eng rei Online-Videoe produzéiert.