Bronce Plaquette vun der „Actioun Lëtzebuergesch“ fir de Conter Club des Jeunes

Am Kader vum 50. Anniversaire, deen de Conter Club des Jeunes 2017 gefeiert huet, ass d’Iddi opkomm, dëst Joer eng al lëtzebuerger Operette vum Batty Weber opzeféieren: „D’Wonner vu Spéisbech“. De leschte Weekend am Januar an deen éischten am Februar hunn déi 16 Actricen an Acteuren, zesumme mat enger Hellewull Statisten (alles fréier an heiteg Membere vum Club des Jeunes), dëst aalt Theaterstéck ënnert der Regie vum Jean-Claude Muller mat Bravour opgefouert. Dobäi hunn si sech och all Méi ginn, fir déi alles anescht ewéi einfach gesanglech Einlagen (Musek vum Fernand Mertens) esou gutt ewéi méiglech eriwwerzebréngen – fir déi jonk Schauspiller, alles Amateuren, eng duerchaus grouss Leeschtung! Déi musikalesch Leedung vun deem Ganzen hat d’Léini Fischer iwwerholl.

Um Enn vun där leschter Virstellung huet de Claude Bache, fréier Paschtouer zu Conter, als Prësident vun der „Actioun Lëtzebuergesch“ déi bronce Plaquette „Dicks-Rodange-Lentz“ un d’Prësidentin vum Conter Club des Jeunes, d’Billie Schaack, iwwerreecht. A senger Usprooch huet hien ënnerstrach, datt d’Actioun Lëtzebuergesch, déi sech zënter hirer Grënnung am Joer 1971 fir alles asetzt wat Lëtzebuergesch ass, apaart fir eis Sprooch, domat de Conter Ensembel vu jonke Leit encouragéiere wéilt, deen elo schonn zënter 40 Joer lëtzebuergesch Theaterstécker – an dorënner esou grouss Wierker ewéi Hopp Marjänn – mat vill Engagement opféiert. De Claude Bache huet bei där Geleeënheet och net vergiess, de fréiere Prësident a laangjärege Régisseur vum Conter Club des Jeunes, de Georges Hansen, z’ernimmen, deen äis leider villzevill fréi fir ëmmer verlooss huet.