Cäciliefeier a Medaillen-Iwwerreechung

De 16. Mäerz huet sech d'Chorale "La Hammoise" fir hirt Cäcilieniessen am Restaurant "Il Piccolo Mondo" getraff. Bei engem gudde Maufel an engem gudde Patt gouf profitéiert fir Medaillen ze iwwerreechen. A Präsenz vum Laurent Willkomm vum Piusverband a vum Jean Schammo vun der Union Grand-Duc Adolphe krut de Jean Kayser direkt 2 Medaille fir 40 aktiven Déngscht an denen 2 Uniounen. D'Präsidentin Anny Hansen an den Dirigent Jeff Reuter hu matt alle Sängerinnen a Sänger dem Jubilar félicitéiert.