De Rotary Club ënnertstëtzt d’ONG “Les Amis Ayudame-Luxembourg”

A senger Statutaire vum 14. Juni hunn déi Responsabel vum Rotary Club Luxembourg-Horizon, vertrueden duerch hire “Président élu” René Elvinger, e Chèque vu 6.000,- € un d’ONG “Les Amis Ayudame-Luxembourg” iwwerreecht, déi sech fir aarm a verloosse Kanner an der Drëtter Welt asetzt. Déi lëtzebuergesch ONG, där hiren Numm op e Weesenheem a Kolumbien zréckgeet, huet laang verschidde Projeten a Latäinamerika, vrun allem a Brasilien ënnerstëtzt. Zënter engem Joer ass hir Hëllef focusséiert op zwéi Projeten am Kongo (Kanner vun AIDS-kranken Elteren) an am Ruanda (Flüchtlingskanner aus dem Burundi), déi si an engem Accord cadre mat „partage.lu“ maachen, an déi dofir mat 80% vum Kooperatiounsministère ënnerstëtzt ginn. Well eng Rei vu Memberen aus dem RC Luxembourg-Horizon am Comité vun Ayudame matschaffen, konnt d’ONG an de leschte Jore regelméisseg op d’Ënnerstëtzung vum Service-Club zielen. De Claude Bache, President vun Ayudame, huet am Numm vun der ONG alle Membere vum RC Horizon e grousse Merci fir hir Generositéit gesot an d’Projetë kuerz ëmrass, déi den Ament ausgeféiert ginn.