Medailleniwwerreechung bei der Chorale La Hammoise

Op hirer Generalversammlung huet d'Chorale La Hammoise profitéiert Médaillen u laangjähreg Memberen ze iwwerreechen. A Präsenz vum Vertrieder vum Pius-Verband Laurent Willkomm kruten eng Médaille : Manon Schlesser fir 5 Joer, Jeff Reuter eng Selwermédaille fir 20 Joer. Eng Goldmédaille fir 30 Joer krut d'Marianne Büchler-Mossong. D'Anny Hansen-Hilger, den André Hansen an d'Martha Pirsch-Zenner kruten eng Gold-Medaille matt Palmette fir 40 Joer. De Jean Kayser krut d'Pius-Goldplakett fir 50 Joer Déngscht. Duerno huet de Jean Schammo vun der UGDA och Médaillen iwwerreecht : Manon Schlesser den Insigne fir 5 Joer, eng weider Goldmédaille fir 30 Joer krut d'Marianne Büchler-Mossong. Och d'Anny Hansen-Hilger, den André Hansen an d'Martha Pirsch-Zenner kruten eng Gold-Medaille matt Palmette fir 40 Joer. De Jean Kayser krut eng Médaille en argent Grand-Duc Adolphe fir 50 Joer. Desweidere gouf d'Anny Hansen-Hilger mam Croix de Mérite en argent fir 10 Joer Präsidentin / Sekretärin ausgezeechent. Matt engem gudde Patt goufen d'Laureate gefeiert.