Familljefest bei der Chorale "La Hammoise"

Kierzlech hat d'Chorale "La Hammoise" op hiert Familljeniessen an de Restaurant Delicious zu Sandweiler invitéiert. Bei der Geleeënheet goufe Medaille u verdéngschtvoll Sänger iwwerreecht. Vun der UGDA goufen ausgezeechent d'Sylvie Raman-Linster fir 10 Joer Aktivitéit. Fir 40 Joer krut d'Renée Ludivig-Oberlinkels d'Goldmedaille mat Palmetten. De Rudi Reuter huet d'Medaille en Argent Grand-Duc Adolphe fir 50 Joer kritt. Och vum Piusverband huet d'Presidentin Anny Hansen-Hilger Medaille ugespéngelt. D'Sylvie Raman-Linster an den Dirigent Jeff Reuter kréien eng Medaille fir 15 Joer am Club. De Pater Adolphus Iroegbu, vertrueden duerch de Laurent Fackelstein kritt och eng Bronze Medaille. De Rudi Reuter kritt och vun Piusverband d'Medaille en Or avec Palmettes fir 50 Joer Aktivitéit.