150 Joer Chorale "La Hammoise"

Hamm: D'Chorale "La Hammoise" hat den 13. Oktober 2019 op d'Virstellung vun der Festbroschür invitéiert. En halleft Joer nom Ofschloss vun der Feierlechkeeten waren all Donateure vun der Broschür an de Porsall am Hamm invitéiert ginn. No der Begréissung vun der Presidentin vun der Chorale Anny Hansen-Hilger huet de Jeff Reuter, Sekretär vum Organisatiounscomité an Dirigent vun der Chorale d'Broschür virgestallt. No der Presentatioun huet den Organisatiounscomité op den Aperitif invitéiert an d'Leit kruten hir Broschür an de Grapp gedréckt.