„Amis de la Cerisaie“: Engagement zum Wuel vu Leit mat enger Behënnerung

De Foyer „La Cerisaie“ vun der Fondatioun Kräizbierg befënnt sech an der Gemeng Duelem. Zanter méi ewéi dräi Joerzéngten bitt des Infrastruktur Logementer fir 25 jonk an eeler Awunner, déi ënnert enger physescher Behënnerung leiden.

Sozial Inclusioun, Ëmgang mat enger Behënnerung an de Wuel vun dëse betraffene Leit hunn zwou vun de Foyer-Bewunnerinnen, Christiane LOSCH a Carine NICKELS dozou motivéiert eng Asbl an d’Liewen ze ruffen. De 14. Dezember 2016 huet de leschte Fiederstrech fir d’Opsetzen vun de Statuten vun dëser neier Associatioun „Amis de la Cerisaie“ stattfond.

Mat enger spezieller Verbonnenheet a vill Häerzblutt gëtt des nei Associatioun presidéiert vun der Duelemer Awunnerin Tessy FRANTZ-HENGERS. Bei hirer Tâche gëtt sie ënnerstëtzt vun der Vize-Presidentin Christiane LOSCH, der Sekretärin Carine NICKELS dem Tresorier Jean-Claude NEUENS, an zéng weidere Memberen.