Panescher am LMRL fir de gudden Zweck

Beim Schoulfest vum Lycée Michel Rodange hunn den Tom, d‘Ayleen, d‘Elina, d‘Magdalena an d‘Tammy aus der 6C7 hir Schoulfrënn mat Panescher verwinnt. Den Erléis ass a Form vun enger Fudder- a Saachspend u Miau & Co asbl gaangen.