Generalversammlung vun den Amis de la Cerisaie

Den 15. Mäerz 2018 hunn d'Amis de la Cerisaie hier éischt Generalversammlung am Foyer La Cerisaie zu Duelem ofgehalen. Nieft dem Aktivitéitsrapport ass och de Keeserapport ugeholl ginn. Ofgeschloss ginn ass d'Versammlung mat engem flotte Patt.