Vereedegung vum Duelemer Gemengerot

Nodeems de Buergermeeschter Jos HEISBOURG mat sengen zwee Schäffen Nic DICKEN a Luc MANGEN de 7. November 2017 vum Inneminister Dan KERSCH vereedegt gi sinn, goufen di nei Gemengeconseilleren am Kader vun enger Vereedegungszeremonie dësen Donneschdeg, 9. November 2017, am Gemengenhaus zu Duelem offiziell an hiert neit Amt agefouert. Am Virfeld huet de Buergermeeschter Jos HEISBOURG op eng gutt Zesummenaarbecht zum Wuel vun alle Bierger aus der Gemeng Duelem higewisen. De neie Gemengerot aus der Gemeng Duelem setzt sech zesummen aus: Jos HEISBOURG, Buergermeeschter; Nic DICKEN, éischte Schäffen; Luc MANGEN, zweete Schäffen; als Conseilleren gehéieren Marie-Louise BEISSEL-ERNST, Tracy BLOOMER, René ERNST, Francine ERNSTER, Laurent LIMPACH a Peggy OLINGER dem neie Gemengerot un.