Dag vum Bam zu Duelem

Den 1. Dezember 2017 hunn d’Kanner aus dem Cycle 4.1. vun Duelem, zesumme mat hiren Enseignanten, dem Fierschter a sengen Aarbechter, 10 Uebstbeem geplanzt. Bei dëser Geleeënheet huet de Fierschter dovu profitéiert de Kanner wichteg Informatiounen iwwert d’Natur mat op de Wee ze ginn. Nodeems de Kanner hier Beem geplanzt woren, hunn si sech bei engem waarme Schocki an enger Mëtsch an der Technescher Hal opgewiermt.