Am Wandel vun den Zäiten - 175 Jar Dikrecher Sängerbond
um weitere Bilder zu sehen.
Inauguratioun vun der Ausstellung : Am Wandel vun den Zäiten – 175 Jar Dikrecher Sängerbond am Musée d’Histoire(s) Diekrich (Kulturhaus)
Vum 6. bis den 28. Juni 2026 presentéiert d’Chorale Municipale Sängerbond Diekirch am Musée d’Histoire[s] Diekirch d’Ausstellung „Am Wandel vun den Zäiten“. D’Ausstellung ass all Dag vun 10.00 bis 18.00 Auer op, méindes ass zou.
An dëser Ausstellung gëtt d’Geschicht vun 175 Joer Dikrecher Sängerbond op eng lieweg an authentesch Aart a Weis erzielt. De Public kritt en Abléck an d’Dikrecher Veräinskultur, an de sozialen Zesummenhalt, deen de Veräin iwwer Generatiounen gepräägt huet, grad ewéi an déi musikalesch Entwécklungen an Erausfuerderungen duerch d’Zäiten.
E besonneschen Deel vun der Ausstellung ass dem Jos Kinzé gewidmet, deem seng Roll an der Geschicht vum Sängerbond an der lokaler Musekskultur erzielt gëtt.
Bei der feierlecher Ouverture vun der Ausstellung „Am Wandel vun den Zäiten“ de 5. Juni um 18.30 Auer presentéiert den Dikrecher Sängerbond, ënnert der Leedung vum Jean-Paul Majerus a begleet um Piano vum Jos Majerus, e kuerze musikalesche Programm.
Weider Detailer fannt Dir op: www.sbd.lu