Grousse Succès fir d'Hierschtfest am SERVIOR-Haus "Bei der Sauer" zu Dikrech

An der Heemecht vum „Grandseigneur“ vun der Gaaschtfrëndlechkeet Alexis Heck wëssen se wéi se Fester feieren: 109 Bewunner, 65 Mataarbechter an net manner wéi 111 Familljemembren, Bekannten a Frënn hate sech viru kuerzem am SERVIOR-Haus „Bei der Sauer“ zu Dikrech afonnt, fir am Kader vum 20. Gebuertsdag vu SERVIOR e faarwegt Hierschtfest ze feieren, wou näischt dem Zoufall iwwerlooss gouf. Gastronomesch a musikalesch ass sou muenches „Bei der Sauer“ gebuede ginn.

Kulinarisch sinn déi 285 Gäscht vun der Kachbrigad aus dem Dikrecher Fleegeheem verwinnt ginn. Um Menü stoungen nämlech gefëllte Fasan mat Trüffelzooss oder Rëndsfilet mat Pefferzooss. Am Nomëtteg goufen et zousätzlech hausgemaachten Eisekuchen, Taarten (Schmull) an e gutt Stéck Schwarzwälder.

Am Festsall grad ewéi am Restaurant war de ganze Mëtteg eng gutt Stëmmung. Den Apéritif hunn de Reza Sulimani op der Gitarr an d’Anne Saulier um Piano musikalesch begleed wärend Mëttes d’Marion Welter a de Rol Girres am gutt gefëllte Festsall fir Stëmmung gesuergt hunn. Doderniewt gouf e Quiz organiséiert mat Froen iwwert SERVIOR, wou een e.a. e Menu fir 4 Persounen am Restaurant Sauerwiss vum SERVIOR-Haus zu Dikrech gewanne konnt.

Zefridde Gesiichter bei de Gäscht an den Organisateuren – an den Alexis Heck wier sécherlech houfreg datt op Nummer 2 an där Strooss, déi säin Nimm dréit, mat vill Freed giess a gefeiert ginn ass! www.servior.lu