SERVIOR seet senge Benevollen an Amicalle Merci

Eng festlech dekoréiert « Al Seeërei » zu Dikrech, e gudde Maufel an eng gutt Stëmmung : sou kéint een d’Fest vun den Heemréit an Amicallen bei SERVIOR resüméieren. « Säit Joren ass et eng Traditioun fir deene Leit Merci ze soen, déi am Benevolat aktiv sinn », sot de SERVIOR-Generaldirekter Alain Dichter a senger Begréissung. Mat Bléck op den 20. Anniversaire vu SERVIOR huet den Alain Dichter ënnerstrach datt vill erreecht gouf an dat zesummen mat den Heemréit an Amicallen. D’Heemréit géifen eis hëllefen, wann nei Bewunner an d’Haiser kommen oder wa Saachen ze verbessere wieren, wärend d’Amicallen Brécken an d’Gesellschaft schloen, sou de Generaldirekter, dee besonnesch d’Amicallen encouragéiert huet d’Erneierung unzegoen. Duerno huet den Alain Dichter der neier Presidentin vum Verwaltungsrot vu SERVIOR Dominique Faber d’Wuert ginn an hir eng glécklech Hand bei hirer neier Aufgab gewënscht.

« Dir sidd d’Kiischt um Kuch bei allen Aktivitéiten »

« Mir wëllen dass et eise Bewunner gutt geet, dass si wéi eise Motto et och seet hiren « Alter liewe » kënnen a sech bei eis doheem fillen. Ouni Iech Heemréit an Amicallen kéinte mer net dat maachen, wat mir elo maachen. » Mat dëse Wieder huet d’Presidentin sech un déi vill Benevollen am Sall geriicht, déi aus allen Ecke vum Land op Dikrech komm sinn fir zesummen ze feieren. Dominique Faber huet sech iwwerwältegt gewisen iwwert dat wat am Benevolat am Déngscht vun eise 15 Wunnstrukturen geleescht gëtt. Un d’Adress vun den Heemréit sot d’Presidentin, datt si engersäits no bei de Bewunner wieren a gläichzäiteg de Lien tëschent de Bewunner an de Mataarbechter wieren. « Bei SERVIOR kënne mir net alles maachen. Dofir eisen Amicallen e grousse Merci. Dir sidd d’Kiischt um Kuch bei allen Aktivitéiten », sou d’Presidentin weider, déi zum Ofschloss sot: « Dir gitt Är Zäit fir eis Bewunner an dat verdéngt eise Respekt a Merci. Ouni Iech Heemréit an Amicalen wier SERVIOR net dat, wat SERVIOR haut ass ».

Uschléissend huet d’Equipe vun der « Economie domestique » e Festmenü zerwéiert, déi vun de Käch a Patissieren vu SERVIOR preparéiert gouf. Eng 33 Mataarbechter vu SERVIOR waren de ganzen Owend am Asaz fir e reiwungslosen Oflaf. Iwwerall op den Dëscher war eng gutt Stëmmung an e flotten Austausch tëschent de Bewunner, Benevollen a Mataarbechter spierbar. Den Duo « Blue Night » huet fir de richtege Sound gesuergt an en etlech Leit op Danzpist gelackelt. www.servior.lu