Fréijoersconcert vun der Eecher Musek

Fréijoersconcert verbonne mat der Éierung vu verdéngschtvolle Musikantinnen, Musikanten a Comitésmemberen.

D'Eecher Musek hat kierzlech op hiere Fréijoersconcert an de Centre sociétaire "Drescherhaus" zu Dummeldeng invitéiert. De musikalesche Programm wor e schéine Bouquet vu bekannten a manner bekannte Melodien aus Film a Fernsee. D'Musikantinnen an d’Musikanten, déi ënner der Leedung vun hierem sympatheschen Dirigent Pierre Schyns opgetruede sinn, konnten hiert Können op hir gewinnten excellent Manéier virdroen. Duerch de Programm huet d’Antoinette Neyer-Koenig mat vill Geschéck a klenge Geschichten gekonnt gefouert. De begeeschterte Publikum huet déi eenzel Stécker mat vill Applaus gewürdegt a gouf mat zwou Zugaben belount.

An der Paus si verschidde Musikantinnen, Musikanten a Comitésmemberen mat UGDA- an USMVL-Medaillen geéiert ginn.

Vun der USMVL kruten:

“Medaille en bronze avec diplôme” fir 15 Joer Aktivitéit

Rafael Pinto Martins, Marc Goebel an Diogo Franco Fernandes

Vun der UGDA kruten:

“Insigne fir 5 Joer Aktivitéit” - Jean-Baptiste Fischer

“Distinction d’honneur en bronze” fir 10 Joer Aktivitéit -Arlette Zeches-Theis

“Distinction d’honneur en argent” fir 20 Joer Aktivitéit -Mireille Nijenhuis

“Distinction d’honneur en vermeil” fir 30 Joer Aktivitéit -Josée Baum-Seyler

“Distinction d’honneur en vermeil avec couronne de laurier” fir 40 Joer Aktivitéit - Danielle Goebel-Martin