Eecher Musek Generalversammlung

D'Eecher Musek hat kierzlech op hir ordinär Generalversammlung agelueden, déi am Musekssall vum Kulturzenter zu Eech organiséiert gouf. D'Vice-Presidentin Arlette Zeches-Theis huet a hierer Usprooch op en erfollegräicht Joer zeréck gekuckt an huet d'Aarbecht vum Dirigent, de Musikantinnen, de Musikanten, de Memberen vum Kommitee, esou wéi de Chargés de Cours an der Museksschoul gelueft.

Den Aktivitéitsrapport, esou wéi en Ausbléck fir Joer 2023 gouf vum Sekretär Francis Neyer virgedroen.

Den Tresorier Jean Dell konnt eng agreabel Finanzsituation presentéieren, déi och vun de Keesereviseure konfirméiert gouf.

Am Rapport vun der Museksschoul, dee vum Sandy Guill virgedroe gouf, geet ervir dass de Moment 59 Schüler an den eenzelnen Solfège- an Instrumentalcoursen ageschriwwe sinn.

Duerno goufen verschidden Aktiver geéiert.

Vun der UGDA kruten:

- Dina Pinto Perreira den Diplom fir 10 Joer Aktivitéit

- Basile Dell d’Sëlwermedaille fir 20 Joer Aktivitéit

- Antoinette Neyer Koenig d’Medaille en vermeil mat Palmetten fir 40 Joer Aktivitéit

- Henri Hoffmann d’Medaille de mérite en vermeil “Grand-Duc Adolphe” fir 60 Joer Aktivitéit

Vun der USMVL kruten:

- Arlette Zeches Theis an Dina Pinto Pereira den Insigne fir 10 Joer Aktivitéit

- Pascale Guill Fiegen, Joël Jost, Sandy Guill, Ernestine Muller a Basile Dell Bronzemedaill fir 15 Joer Aktivitéit

- Camille Bichler Sëlwermedaill fir 25 Joer Aktivitéit

- Jeannine Mohr Koenig, Daniel Mohr a Francis Neyer Gëllemedaill fir 45 Joer Aktivitéit

No deels Neiwale gesäit de Kommitee vun der Eecher Musek esou aus:

Éire-Presidenten: Jean Hamilius, Paul Decker, Camille Bichler

Éire-Vice-Presidenten: Josée Baum-Seyler an Ady Schammo

1. Vice-President: Arlette Zeches-Theis

2. Vice-President an Tresorier: Jean Dell

Sekretär: Francis Neyer

Museksschoul: Sandy Guill

Medaillen: Pascale Guill-Fiegen

Uniformen: Rose Dell-Mertes

Memberen: Manuela Wiseler a Marc Goebel
Ofschléissend huet d'Vice-Presidentin drop opmierksam gemaach dass mer Memberen fir de Kommitee brauchen a sichen. Interessenten kënnen gären iwwer admin@eecher-musek.lu Kontakt ophuelen.