100 Joer-Feier vun der Eecher Musek

Mat engem Joer Verspéidung wor et der Eecher Musek am September an am Oktober 2021 vergonnt fir hir 100 Joer Bestoen kënnen ze feieren.

Ugefaang hunn d'Festivitéiten e Sonndeg, den 20. Juni an der Porkierch zu Weimeschkierch, wou an enger feierlecher Mass den neie Fändel geseent gouf.
E Freideg, 17. September huet d'Lëtzebuerger Militär Musek e Concert zu Dummeldeng an der Hal "Pierre Pelkes" gespillt, an e Samschdeg, 18. September wor d'Big Band Memory zu Gaascht. Weider goung et dunn mat Concerten vun der Brass Band vum Conservatoire vun Esch/Uelzecht, e Freideg, 15. Oktober, der Moselle Valley Brass Band e Samschdeg, 16. Oktober esou wéi dem Ofschlossconcert vun der Eecher Musek e Sonndeg, 17. Oktober 2021 am Festsall vum Centre sociétaire "Am Duerf" zu Weimeschkierch.

Mir wëllen op dëser Plaz all de Museken e groussen an häerzleche Merci ausdrécken fir déi excellent Performancen an déi schéi Concerten. De Publikum wor ëmmer begeeschtert, wat duerch déi sëlleg Zugaben déi verlaangt goufen, konfirméiert ka ginn.
D'Brochure vum "Centenaire" kënnt am Fréijoer 2022 eraus.