Fréijoersconcert vun der Eecher Musek

D'Eecher Musek hat kierzlech op hieren Fréijoersconcert am Kulturzenter "Drescherhaus" zu Dummeldeng invitéiert. Ënnert der Direktioun vun hierem sympatheschen Dirigent Pierre Schyns konnt e schéine Bouquet mat Melodien aus der Klassik esou wéi Rock a Pop presentéiert ginn. Mat Stécker ewéi Rêverie, Highlights der Klassik, La Valse de François Truffaut, Aladdin, Michel Sardou Medley, A Star is born, The best of Phil Collins, Imagine, Adèle in Concert an Don't Worry Be Happy woussten d'Musikantinnen an d'Musikanten hiere Publikum ze iwwerzeegen, wat dann och mat zwou Zugaben gewürdegt gouf.

D'Presentatioun vun de Stécker huet d'Antoinette Neyer-Koenig gemaach.