Eecher Musek - Generalversammlung

Op der Sich no engem President

D’Eecher Musek hat kierzlech op hir ordinär Generalversammlung agelueden déi am Musekssall vum Centre culturel zu Eech organiséiert gouf. A senger Usprooch huet de President Camille Bichler op d’Festivitéiten fir d’100 Joerfeier zeréckgekuckt, déi mat engem Joer Verspéidung erfollegräich organiséiert an ofgeschloss konnte ginn. Weider huet de President d’Arbecht vum Dirigent, de Chargés de Cours esou wéi de Musikantinnen, Musikanten an de Comitésmemberen gelueft. Ofschléissend huet de President déi uwiesend Memberen informéiert dass dëst seng lescht Generalversammlung ass, an dass e säi Posten a seng Fonktioun zur Verfügung stellt. Datselwecht gëllt fir d’Vice-Presidentin Josée Baum-Seyler. Den Aktivitéitsrapport gouf vum Sekretär Francis Neyer virgedroen. Am Ausbléck fir d’Joer 2022 sinn e.a. Concerten an der aler Gemeng Eech an doriwwer eraus virgesinn. De Jean Dell konnt e positive Bilan vun der Tresorerie presentéieren, dee vun de Keessereviseuren confirméiert gouf. Am Rapport vun der Museksschoul dee vum Sandy Guill virgedroe gouf, geet ervir dass de Moment 52 Schüler an den eenzelne Solfège- an Instrumentalcoursen ageschriwwe sinn. No deels Neiwalen gesäit de Comité vun der Eecher Musek esou aus: Éirepresidenten: Jean Hamilius, Paul Decker a Camille Bichler; Éire Vice-Presidenten; Josée Baum-Seyler an Ady Schammo; Vice-Presidenten: Arlette Zeches-Theis a Jean Dell; Sekretär: Francis Neyer; Tresorier: Jean Dell; Museksschoul: Sandy Guill; Uniformen: Rose Dell-Mertes; Medaillen: Pascale Guill-Fiegen; Member: Marc Goebel.

Verschidde Musikantinnen, Musikanten a Comitésmemberen si mat UGDA- an USMVL-Medaillen geéiert ginn.

Vun der USMVL kruten:

“Medaille en bronze avec diplôme” fir 15 Joer Aktivitéit

Rafael Pinto Martins, Marc Goebel an Diogo Franco Fernandes

Vun der UGDA kruten:

“Insigne fir 5 Joer Aktivitéit” - Jean-Baptiste Fischer

“Distinction d’honneur en bronze” fir 10 Joer Aktivitéit -Arlette Zeches-Theis an Dina Pinto Pereira

“Distinction d’honneur en argent” fir 20 Joer Aktivitéit -Mireille Nijenhuis

“Distinction d’honneur en vermeil” fir 30 Joer Aktivitéit -Josée Baum-Seyler

“Distinction d’honneur en vermeil avec couronne de laurier” fir 40 Joer Aktivitéit - Danielle Goebel-Martin

Zum Ofschloss kruten de President Camille Bichler an d’Vice Presidentin Josée Baum-Seyler e Kaddo iwwerreecht, dëst als Unerkennung fir méi ewéi 25 Joer trei Déngschter an der Eecher Musek.