Generéis Scheckiwwerreechung fir e gudden Zweck am Lycée Technique Privé Emile Metz zu Dummeldeng

De 19. November 2016 war d’Scheckiwwerreechung vum Stonnelaf un deem d’Schüler an d’Proffe vum Lycée Technique Privé Emile Metz all Joers deelhuelen.

2016 huet dëse Stonnelaf den 9. Juni stattfonnt a wéi et Traditioun ass, goung den Erléis, dës Kéier 8000 €, u véier verschidden Associatiounen:

Fir d’Associatioun ALAN Maladies rares (d’Associatioun huet als Ziel Persoune mat neuromuskulären Erkrankunge mat hire Famillen ze ënnerstëtzen an dëst besonnesch um Niveau vun der Liewensqualitéit),

fir NEVER GIVE UP (d’Associatioun well all Leit ënnerstëtzen, déi wéi de Luca a seng Eltere kämpfe musse wann si no engem Schicksalsschlag hiert ganzt Liewe materiell ëmstrukturéiere mussen),

fir de WONSCHSTÄR (d’Fondatioun huet sech zum Ziel gesat Mënschen, déi opgrond vu Krankheeten, Accidenter oder Schicksalsschléi hiert alldeeglecht Liewen extrem verschwéiert kruten, ze hëllefen. Hire Grondgedanken ass, dass jiddereen d’Méiglechkeet soll hunn „seng Dreem ze verwierklechen“) an

fir de Fonds social vum LTPEM (de Fong hëlleft Schüler aus dem LTPEM déi bei dem Weiderféierung vun hirer Schoulausbildung materiell Ënnerstëtzung brauchen)

D’Schecke goufe vum Max Weber (X2EE2) a Luca Neves Figueiredo (9TE3) iwwerreecht well si besonnesch engagéiert Sue gesammelt haten.