MATHE im April

D'Schüler aus eisen "Classes inférieures" hu wärend der Ouschtervakanz
ganz fläisseg beim internationale Challenge "Mathe im April" matgemaach.
Dobäi hunn si hiert mathematescht Wëssen a ganz vill logescht Denke bei
der Léisung vu konkreten, prakteschen Aufgabestellungen uwende missen.

Deenen 3 Schüler, déi am beschten ofgeschnidden hate mat krute vun eiser
Directrice adjointe, der Madame Martine Berchem wärend enger klenger
Zeremonie eng Coupe an een Diplom Iwwerrescht.

Dräi weider Schüler, déi mat hirem Resultat knapp laanscht eng
Podiumsplaz geschrummt sinn, goufe mat engem klengen, schneekegen
Trouschtpräis belount.

Bravo un all d'Schüler, déi matgeknobelt, ganz vill Ausdauer bewisen a
sécherlech vill bäigeléiert hunn.