Porte Ouverte am Lycée Privé Emile Metz


Vill interesséiert Schüler an hier Eltere waren e Samschden den 23. Mäerz an de LYCEE PRIVE EMILE METZ op Dummeldeng komm.

Am Lycée Privé Emile Metz fänkt den Enseignement Général mat der Voie d’Orientation op der 7ème un.


De Lycée offréiert nieft der 7G, och eng Exklusivitéit, de Projet Pilote 7 P-G. An dëser “Classe Passerelle” kënnen (admission sur dossier) Schüler ugeholl ginn, déi op eng 7eP orientéiert goufen, obwuel si gehofft haten op eng 7G orientéiert ze ginn. D’Admission erfollegt op Dossier an no Rendez-Vous. D’Schüler däerfen no der Réussite vun der 7 P-G op enger 6ème (niveau de base) hir schoulesch Lafbunn an der Voie d’Orientation vum ESG weiderféieren.


Am LPEM ginn d’Schüler a multimedial equipéierte Klassesäll vun Enseignante encadréiert, déi och ausserhalb vun de Schoulstonne an der Schoul erreechbar sinn.


Den LPEM proposéiert Cours d’Appuie pro Klass a pro Fach, mee och Etudes Surveilléen wou d’Schüler hier Aufgaben ënner Opsiicht erleedege kënnen.


Vill variéiert nieweschoulesch Aktivitéiten, sief dat am Sport, am techneschen oder am kulturelle Beräich ginn ugebueden.


No dem Orientéierungsjoer vun der 5ème bitt den LPEM all Formatiounsweeër un, déi et am Secondaire Général gëtt, dat sinn :


An de classes supérieures vum ESG

- d’4GIG an 3GIG (section de l’ingénierie)

- d’2GIN an d’1GIN (section informatique).

D’Réussite vun der 1ère erméiglecht e Weiderféiere vum Studium op enger Universitéit oder Fachhéichschoul.


An der Formation professionnelle

D’Formation de Technicien (DT)

- Smart Technologies / Electronicien en énergie (Energieelektroniker)

/ ET oder

- Mécanique générale (Mechaniker) MG ufänken


Den DAP:


- Mécanicien industriel et de maintenance (Industrie- und

Wartungsmechaniker) / MM

- Mécanicien d’usinage (Zerspanungsmechaniker) / MF

- Constructeur métallique (Konstructionsmechaniker) / SC

- Electronicien en énergie (Energieelektroniker) / ET EE

- Menuisier ébéniste (Tischler) / EB.


Dës Ausbildung am Plein-temps am Lycée gëtt an Atelieren déi um leschte Stand sinn, de Schüler d'Méiglechkeet sech mat Hëllef vun erfuerene Pädagogen, an der Benotzung vu modernste Maschinnen op hire zukünftege Beruff ze preparéieren.


An enger flotter Ambiance konnt jiddereen en Abléck an d’Liewen an an d'Virdeeler vun dëser gratisser an aussergewéinlecher Schoul kréien.

Vir déi, déi dës Geleeënheet verpasst hunn, déi 2. Porte Ouverte ass den 11. Mee vun 9 bis 15 Auer 30.