Porte Ouverte am Lycée Privé Emile Metz

Vill interesséiert Schüler an hier Eltere waren e Samschden de 5. Mee an de LYCEE PRIVE EMILE METZ op Dummeldeng komm.


Am LPEM geet et an der Voie d’Orientation vum Enseignement Secondaire Général un. Vu 7ème bis 5ème ginn d’Schüler a multimedial equipéierte Klassesäll vun Enseignante mat grousser Disponibilitéit encadréiert.


Ausserdeem proposéiert den LPEM en eenzegaartege Projet Pilote, d’7 P-G. An dëser “Classe Passerelle” kënnen (admission sur dossier) Schüler ugeholl ginn, déi op eng 7eP orientéiert goufen, obwuel si gehofft haten op eng 7G orientéiert ze ginn. D’Admission erfollegt op Dossier an no Rendez-Vous. D’Schüler hunn bei der Reussite vun der 7 P-G, d‘Méiglechkeet op enger 6ème (niveau de base) hir schoulesch Lafbunn an der Voie d’Orientation vum ESG weiderzeféieren.


Am LPEM ginn d’Classes Inférieures vun der Voie d’Orientation


Den LPEM proposéiert Cours d’Appuie pro Klass a pro Fach, souwéi Etudes Surveilléen.


Vill variéiert nieweschoulesch Aktivitéiten, sief dat am Sport, am techneschen oder am kulturelle Beräich ginn ugebueden.


Um Enn vun der Voie d’Orientation, no dem Orientéierungsjoer vun der 5ème bitt den LPEM all Formatiounsweeër un, déi et am Secondaire Général gëtt.


An de classes supérieures vum ESG


- d’4GTG an 3GTG

- d’2GGI an d’1GG (section informatique).


D’1ère erméiglecht duerch seng Reussite e Weiderféiere vum Studium op enger Universitéit oder Fachhéichschoul erméiglecht.


An der Formation professionnelle


D’Formation de Technicien (DT)


- Electronicien en énergie (Energieelektroniker) / ET oder

- Mécanique générale (Mechaniker) MG ufänken


den DAP:


- Mécanicien industriel et de maintenance (Industrie- und Wartungsmechaniker) / MM

- Mécanicien d’usinage (Zerspanungsmechaniker) / MF

- Constructeur métallique (Konstructionsmechaniker) / SC

- Electronicien en énergie (Energieelektroniker) / ET EE

- Menuisier ébéniste (Tischler) / EB.


Dës Ausbildung gëtt Atelieren um leschte Stand de Schüler d'Méiglechkeet, sech mat Hëllef vun erfuerene Pädagogen, an der Benotzung vu modernste Maschinnen op hire zukünftege Beruff ze preparéieren.


An enger flotter Ambiance konnt jiddereen en Abléck an d’Liewen an an d'Virdeeler vun dëser gratisser an aussergewéinlecher Schoul kréien.


Umeldunge bleiwe méiglech iwwert den lpem.lu oder am Sekretariat vun 08h30 bis 11h30 a vun 13h30 bis 16h00 (Tel. 43 90 61 – 461)