Porte Ouverte am Lycée Privé Emile Metz


Vill interesséiert Schüler an hier Eltere waren e Mëttwoch, de 27. Juni an de LYCEE PRIVE EMILE METZ op Dummeldeng komm. Si konnten sech sech d’schoulescht Angebot vum LPEM informéieren.


D‘Voie d’Orientation vum Enseignement Secondaire Général un.

Vu 7ème bis 5ème ginn d’Schüler a multimedial equipéierte Klassesäll vun Enseignante mat grousser Disponibilitéit encadréiert. Ënnerstëtzung bitt d’Schoul och mat Cours d’Appuie pro Klass a pro Fach, souwéi Etudes Surveilléen un.

Hei ass den eenzegaartege Projet Pilote, d’7 P-G ervir ze sträichen. An dëser “Classe Passerelle” kënnen (admission sur dossier) Schüler ugeholl ginn, déi op eng 7eP orientéiert goufen, obwuel si gehofft haten op eng 7G orientéiert ze ginn. D’Admission erfollegt op Dossier an no Rendez-Vous. D’Schüler hunn bei der Reussite vun der 7 P-G, d‘Méiglechkeet op enger 6ème (critère de base) hir schoulesch Lafbunn an der Voie d’Orientation vum ESG weiderzeféieren.

Vill variéiert nieweschoulesch Aktivitéiten, sief dat am Sport, am techneschen oder am kulturelle Beräich ginn ugebueden.

No dem Orientéierungsjoer vun der 5ème proposéiert den LPEM all Formatiounsweeër vum Secondaire Général.

Classes supérieures vum ESG

- d’4GTG an 3GTG

- d’2GGI an d’1GG (section informatique).

D’Réussite vun der 1ère erméiglecht e Weiderféiere vum Studium op enger Universitéit oder Fachhéichschoul.

An der Formation professionnelle

- D’Formation de Technicien (DT)

o Electronicien en énergie (Energieelektroniker) / ET oder

o Mécanique générale (Mechaniker) MG ufänken

- den DAP:

o Mécanicien industriel et de maintenance (Industrie- und Wartungsmechaniker) / MM

o Mécanicien d’usinage (Zerspanungsmechaniker) / MF

o Constructeur métallique (Konstructionsmechaniker) / SC

o Electronicien en énergie (Energieelektroniker) / ET EE

o Menuisier ébéniste (Tischler) / EB.

D’Pléin-temps Ausbildung gëtt de Schüler d'Méiglechkeet, sech mat Hëllef vun erfuerene Pädagogen, an der Benotzung vu modernste Maschinnen op hire zukünftege Beruff ze preparéieren.

An enger flotter Ambiance konnt jiddereen en Abléck an d’Liewen an an d'Virdeeler vun dëser gratisser an aussergewéinlecher Schoul kréien.


Umeldunge bleiwe méiglech iwwert den lpem.lu oder am Sekretariat vun 08h30 bis 11h30 a vun 13h30 bis 16h00 (Tel. 43 90 61 – 461)