De Lycée Emile Metz ka mat Houfert op eng 100-järeg Schoul-Traditioun zeréckkucken.
Gläichzäiteg sinn seng modern Ariichtungen a säin Knowhow ganz op d’Zukunft geriet.
Séit November 2019 ass d’Schoul MINT-zertifiéiert a setzt, fir seng Schüler op eng fachiwwergräifend Pedagogik, déi e besonnesche Wäert, op Mathematik, Informatik, Naturwëssenschaften an Technologië leet.
Den LPEM bitt am ENSEIGNEMENT Général nom cycle 4.2
d’Voie d’Orientation – classes inférieures :
- 7G – 7e d’observation
- 6G – 6e d’orientation
- 5G – 5e de détermination
No der 5ème
Régime Technique
Classes supérieures
- D’Section de l’ingéniérerie (4GIG / 3GIG)
an d’section informatique (2GIN / 1GIN)
D’Reussite vun der 1ère GIN (section informatique) «Diplôme de fin d’études
secondaires générales »
FORMATION PROFESSIONNELLE
DT : Diplôme du Technicien: 4TP an der 3TP (Smart Technologies a Mechanik)
engleschsproochege Klasse mat Informatik, Smart Technologies, Mechanics
an dem
DAP : Diplôme d’Aptitude Professionnelle vun der DP1 bis d'DP3 a folgende Beruffer:
- électronicien en énergie (Energieelektroniker)
- menuisier-ébéniste (Bau-und Möbelschreiner)
- constructeur métallique (Konstruktionsmechaniker)
- mécanicien industriel et de maintenance (Industrie-und Wartungsmechaniker)
- mécanicien d'usinage (Zerspanungsmechaniker)
- ab der Rentrée 2020/21 och déi nei Formatioun: Smart Materials
AML: Aircraft Maintenance Licence
Den LPEM ass déi eenzeg Schoul am Land, déi d'Ausbildung vum « Mécanicien
d'Avion » (Flugzeugmechaniker) mat international unerkanntem Diplom ubitt.
Wat ass am LPEM sou besonnesch?
En optimaalt Aarbechtsklima, eng sympathesch Ambiance déi begënschtegt gëtt duerch den iwwersiichtleche Kader (+/-550 Schüler).
Enseignanten déi och ausserhalb vun de Schoulstonnen am Lycée erreechbar sinn.
Um schoulesche Plang, eng Betreiung déi duerch e besonneschen Encadrement, Etudes Surveillées, a Cours d’Appui pro Klass a pro Fach d’Schüler net eleng léisst an der Preparatioun vun hirer Aarbecht.
De Kontakt zwëschen Elterenhaus an Enseignanten ass eng Traditioun déi besonnesch gefleegt gëtt.
All Formatiounen vum DAP an DT (ausser AML an Smart Materials) ginn am régime plein temps an der Schoul ënnerriicht, soudass d’Schüler kee Patron ze siche brauchen.
Ausserdeem verlaangt den LPEM kee Schoulgeld!
Am Beräich Niewenaktivitéiten, hunn d’Schüler vill Choix:
Technik an Informatik:
Makerspace
Modellbau
Sport:
Fussball
Badminton
Volleyball
Basketball
Fitness ....
Gesellschaft a Kultur:
d’Scoutstrupp « Les Loups Blancs »
eng eege Musik: d' « Metzeband »
e Schachclub