Porte Ouverte am Lycée Technique Privé Emile Metz

Vill interesséiert Schüler an hier Eltere waren e Samschden den 18. Mäerz an de LYCEE TECHNIQUE PRIVE EMILE METZ op Dummeldeng komm.

Am LTPEM geet et am Cycle Inférieur vum Enseignement Secondaire Technique mat der 7ST un. De Lycée offréiert niewt dëser traditionneller 7ème, och e Projet Pilote, d’7MOST. Hei kënnen (admission sur dossier) d’Schüler ugeholl ginn, déi entgéint hiren Erwaardungen op eng 7eMO orientéiert goufen. Si hunn bei der Reussite vun der MOST, d‘Méiglechkeet op enger 8PO hir schoulesch Lafbunn am EST weiderzeféieren.

Op 8ème an 9ème (PO an TE) gëtt et dann wéigesoot eng Filière PO (polyvalente) an eng TE (technique). Am Cycle Inférieur ginn d’Schüler a multimedial equipéierte Klassesäll vun Enseignante mat grousser Disponibilitéit encadréiert, Cours d’Appuien pro Klass a pro Fach, souwéi Etudes Surveilléen vervollstännegen dësen Encadrement.
Ausserdem ginn de Schüler vill a variéiert niewenschoulesch Aktivitéten ungebueden.

No dem Orientéierungsjoer vun der 9ème bitt den LTPEM all Formatiounsweeër un, déi et am Secondaire Technique gëtt.Am Cycle Moyen bidden sech folgend Méiglechkeeten:

•Am Régime professionnel fënnt d’Ausbildung a folgende Beruffer statt:

-Mécanicien industriel et de maintenance (Industrie- und Wartungsmechaniker) / MM
-Mécanicien d’usinage (Zerspanungsmechaniker) / MF
-Constructeur métallique (Konstructionsmechaniker) / SC
-Electronicien en énergie (Energieelektroniker) / ET EE
-Menuisier ébéniste (Tischler) / EB.

Dës Ausbildung gëtt a gutt equipéierten Atelieren de Schüler d'Méiglechkeet, sech mat Hëllef vun erfuerene Pädagogen, an der Benotzung vu modernste Maschinnen op hire zukünftege Beruff ze preparéieren.

•An der Formation de Technicien kënnen d’Schüler hier Ausbildung als:

- Electronicien en énergie (Energieelektroniker) / ET oder
- Mécanique générale (Mechaniker) MG ufänken.


•An am Régime Technique

fänkt et mat der 10ème an 11ème TG (Technique Générale) un an da geet et am Cycle supérieur mat der 12ème an 13ème GI (Technique Générale – section informatique) weider bis zum Ofschloss, deen och e Weiderféiere vum Studium op enger Universitéit oder Fachhéichschoul erméiglecht.

An enger flotter Ambiance konnt jiddereen en Abléck an d’Liewen an an d'Virdeeler vun dëser gratisser aussergewéinlecher Schoul kréien.

Vir déi, déi dës Geleeënheet verpasst hunn, déi 2. Porte Ouverte ass de 20. Mee vun 9 bis 17 Auer.