Porte Ouverte, Traditioun an Spëtzentechnologie

Bei Geleeënheet vun der Porte Ouverte e Samschden, den 4. Juni 2016 huet den LTPEM seng nei Projeten virgestallt.

Am Cycle Inférieur den Art sur Bois, e fachiwwergräifend Projet, deen an Zesummenaarbecht tëschent der Education artistique an den Travaux Pratiques, vun alle 7èmes Klassen geschaafe gouf.

Op dëser Porte Ouverte waren vill interesséiert Schüler an hir Elteren, an wéi ëmmer eng ganz Rei „anciens élèves“ déi sech de Lycée op Dummeldeng ukucken komm. Do konnten si dës traditiounsräich awer och ganz modern Schoul vum engagéierten Léierpersonal gewisen kréien.

Am Cycle Moyen sin folgend nei Projeten virgestallt ginn:

•Electrical solar-wind station
•Mechatronische Sortieranlage
•LED Dekorleuchten
•Metallic Art
•3D-Printer

Fir den theoreteschen Unterrecht a ganz besonnesch fir den cycle inférieur, stinn multimedial equipéiert Klassesäll zur Verfügung. D’Elteren konnten sech och beim kompetenten Schoulpersonal iwwer d'Cours d'Appuien, d'Etudes Surveilléen an déi variéiert niewenschoulesch Aktivitéiten renseignéieren.

An enger flotter Ambiance konnt jiddereen d'Virdeeler vun dëser aussergewéinlecher Schoul gesinn.

Am Moment sinn nach Aschreiwungen méiglech. (Renseignementer iwwer www.ltpem.lu oder um 43 90 61 -1)