Porte Ouverte, Traditioun an Spëtzentechnologie

Op eiser Porte Ouverte e Samschden, den 22 Mee 2017 waren vill interesséiert Schüler an hir Elteren, an wéi ëmmer eng ganz Rei „anciens élèves“ déi sech de Lycée op Dummeldeng ukucken komm.


Do konnten si dës traditiounsräich awer och ganz modern Schoul vum engagéierten Léierpersonal gewisen kréien.

Fir den theoreteschen Unterrecht a ganz besonnesch fir den cycle inférieur, stinn multimedial equipéiert Klassesäll zur Verfügung. D’Elteren konnten sech och beim kompetenten Schoulpersonal iwwer d'Cours d'Appuien, d'Etudes Surveilléen an déi variéiert niewenschoulesch Aktivitéiten renseignéieren.

Ausserdeem huet bei dëser Geleeënheet den LTPEM seng nei Projeten virgestallt.

De volléquipéierte Makerspace huet vill Interesséierter ugezunn a begeeschtert.

Déi nei engleschsproocheg Klassen: „Vocational training technician’s stream * Electronics, IT and Mechanics goufen presentéiert.

 An enger flotter Ambiance konnt jiddereen d'Virdeeler vun dëser aussergewéinlecher Schoul gesinn.

Am Moment sinn nach Aschreiwungen méiglech. (Renseignementer iwwer www.ltpem.lu oder um 43 90 61 -1)