Wëssenschaftler zu Besuch am Emile Metz

D'Schüler vun der 3GTG, der 2GI an der 1GI konnte vum Besuch vu Wëssenschaftler déi ze Lëtzebuerg fuersche profitéiere. Mir haten 2 Fuerscher op Besuch fir iwwert hier Aarbecht an der Fuerschung ze Lëtzebuerg eppes gewuer ze ginn. Des sinn extra op Dummeldeng an onse Lycée komm,fir ons zukünfteg Studenten, ee spannende Virtrag ze halen.


Des exzeptionell Presentatioune waren ee grousse Succès, an d'Schüler hunn des 2 aussergewéinlech Stonne geschat a vill Froe gestallt.


Mir hoffen dat mer dëst an Zukunft kenne widderhuelen.


Mir bedanken ons bei am spezielle bei de Fuerscher: Sigrid KOHLL-STEIN (Propriété intellectuelle) an dem Pranjhul SHAH (Biomedezin) souwéi am allgemenge beim Fond National de la Recherche.

https://www.fnr.lu/chercheurs-lecole-2017-researchers-went-back-school/

https://www.youtube.com/watch?time_continue=3&v=EGyeH3MdPnU