2 mol 100 Joer am SERVIOR-Haus "Grand-Duc Jean" zu Diddeleng

Diddeleng – August 2020

Am Kader vun enger klenger Feierstonn am SERVIOR-Haus "Grand-Duc Jean" zu Diddeleng konnten 2 ganz besonnesch Gebuertsdagskanner zu Éieren kommen.

Gläich 2 mol konnten jeeweils 100 Käerzen ausgeblosen ginn:

Den Här Djuro Kolakovic ass den 4. Mee 1920 op d'Welt komm. Nëmmen e puer Deeg méi jonk ass d'Madamm Béatrice Schaeffer-Gouvy, déi hirersäits den 12. Mee 1920 d'Liicht vun der Welt erbléckt huet.

Enn Juli konnt elo endlech eng Receptioun am klengsten Krees fir des 2 Honnertjäreg organiséiert ginn, dëst mat der Famill an 2 Memberen vun der Amicale "Gëlle Joren" vum Diddelenger Altersheem. Deenen 2 Jubilaren gouf bei dëser Geleeënheet och e Kaddo vun der Amicale iwwerreecht.

Deenen 2 Gebuertsdagskanner alles Guddes an eng gutt Gesondheet gewënscht.