Fifty One Iechternach besichen d’HALIFAX Gedenkplaz am Marscherwald

Op Aluedung vum President Paul Puraye huet de Fifty One Iechternach d’Halifax Gedenkplaz am Marscherwald besicht an do eng ganz interessant Konferenz gehalen kritt vum Fred Schaaf, zum Crash vum RAF Halifax Bomber den 27/28. August 1943 an zur Geschicht vun der Halifax Gedenkplaz.

2023 sinn et 80 Jar dat de Bomber am Marscherwald erofgefall ass, vun der Crew sinn 3 Leit beim Crash gestuerwen an 4 konnten nach an der däischterer Nuecht aus dem brennenden Fliger eraus sprangen, si sinn vun der Resistenz a Lëtzebuerger Patrioten fonnt, verstoppt an hinnen ass gehollef ginn erëm zréck an England ze kommen.

2023 soll erëm eng gréisser Gedenkfeier op der Gedenkplaz stattfannen.

Dës interessant an éischt Sortie no Corona gouf ofgeschloss mat engem gemittlechen a gesellegen Owend am Restaurant Steinmetz zu Bech.